Den 20. Mäerz ass den Internationalen Dag vum Kanner- a Jugendtheater.  Déi International Vereenegung ASSITEJ - Association Internationale du Théâtre pour L'Enfance et la Jeunesse organiséiert ronderëm dësen Dag weltwäit Atelieren, Theaterstécker an Eventer fir Kanner a Jugendlecher. Esou och ASSITEJ Lëtzebuerg.

Eng Programmatioun, déi vun Ettelbréck bis Esch-Uelzecht  an de verschiddenen Kulturhaiser vum 16. bis den 23. Mäerz ugebuede gëtt. Et geet hei awer net just drëm, datt Kanner a Jugendlecher just Theaterstécker kucke ginn, mee do ass och Participatioun gefuerdert. E Projet mam Titel "Krop der en Theateratelier" riicht sech u Schoulklassen.

D'ASSITEJ gesäit sech als eng kulturell Stëmm, déi Mënschen,  an dësem Fall Kanner a Jugendlecher vereene wëll, Gläichheet, Fridden an Bildung sinn d'Pilieren vun der Associatioun.

Wat sech hannert dëser Associatioun verstoppt a wat d''Iddien an Highlighte vun der Programmatioun dëst Joer sinn, huet d'Presidentin Laura Graser dem Valerija Berdi verroden.