Kultur artwork

Kultur

1,559 episodes - Luxembourgish - Latest episode: 12 days ago -

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Society & Culture
Homepage Apple Podcasts Google Podcasts Overcast Castro Pocket Casts RSS feed

Episodes

Ptolemea Musek vun de Sphären am Bartrenger ArcA

April 08, 2024 15:40 - 12 minutes - 11.3 MB

D’Iddi, datt d’Distanz tëschent de Planéite kéint a musikaleschen Intervalle gemooss ginn, gehéiert zu enger vun deene méi kontroverséierte vum Astronom Claudius Ptolemäus, dee ronderëm 100 no eiser Zäitrechnung gelieft huet. De Lëtzebuerger Museksprojet Ptolemea, deen sech viru gutt fënnef Joer ronderëm d’Sängerin a Musekerin Priscilla da Costa kreéiert huet, gräift dës Iddi op. Der Metapher no expandéiert den Universum, well eis mënschlech Séilen dat och maachen, a genee dat Wuessen an u-se...

Kulturagenda

April 08, 2024 15:15 - 4 minutes - 4.19 MB

Ee Comedie-Festival, eng Fantasy a Science-Fiction Konventioun, eng Operett an eng Liesung. Dat sinn d’Kulturevenementer vun dëser Woch. Presentéiert vum Nicolas Calmes.

Wuert vun der Woch: Hotel

April 06, 2024 06:50 - 10 minutes - 9.16 MB

Passend zur Ouschtervakanz kuckt de Jean Portante e Wuert ënner senger eetymologescher Lupp, an dem een esou Vakanze gäre mol verbréngt: Hotel.

My Body Keeps Changing My Mind

April 05, 2024 15:40 - 16 minutes - 15.1 MB

No der "An der Schwemm" inzenéiert d'Marion Rothhaar een Theaterstéck iwwer den éischten Anorexie-Doud vun der Popkultur. A "My Body Keeps Changing My Mind" geet et ëm déi erstaunlech Karriär vun der Karen Carpenter.

Catherine Kontz - The Waves

April 05, 2024 15:15 - 10 minutes - 9.36 MB

"The Waves", dat ass d'Kompositioun vun der Catherine Kontz, déi um neien Album vun de Solistes Européens, Luxembourg - Luxembourg Contemporary Music Vol. 3 - mat dobäi ass. D'Marie Trussart huet mat der Komponistin ënner anerem iwwer d'Entsteeung vum Wierk geschwat an him ënner anerem verroden, wat Welle mat Feminismus ze dinn hunn.

"Dans la ville" vun der Elodie Fiabane an "La Manche" vum Max De Paz

April 05, 2024 06:22 - 8 minutes - 8.18 MB

An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am siwente Bäitrag beschwätzt hien "Dans la ville" vun der Elodie Fiabane an "La Manche" vum Max De Paz. Zwee Romaner iwwer Obdachlosegkeet - eemol vu baussen an eemol vu bannen erlieft.

E risegt Ëmäerbele vu Gittaren: Yuu Doo Right an de Rotonden

April 04, 2024 15:40 - 6 minutes - 5.58 MB

You Doo Right hu sech no engem Titel vun der däitscher Krautrock-Band Can benannt. Hire Gittarist Justin Cober seet sech faszinéiert vun de Faarwen, déi d’Jugend- a Géigekultur am Däitschland vun der 70er ugeholl huet an erzielt dem Marc Clement - éier si den Owend d’Rotondë mat grouss ugeluechtem instrumentale Rock fëllen - iwwer weider Aspekter vun hirer Musek.

"Dans la ville" vun der Elodie Fiabane an "La Manche" vum Max De Paz

April 04, 2024 15:15 - 6 minutes - 5.54 MB

An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am siwente Bäitrag beschwätzt hien an "La Manche" vum Max De Paz.

Alem Grabovac am Gespréich

April 03, 2024 15:15 - 16 minutes - 15.1 MB

E Roman iwwer seng Mamm hätt hie geschriwwen, seet den Alem Grabovac. Et ass awer och e Roman iwwer säin eegene Liewenswee. An Däitschland gebuer, Kand vun enger kroatescher Mamm an engem bosnesche Papp, huet hie Soziologie, Literatur a Politologie studéiert. De Wee bis dohinner war net esou evident. Eng Kandheet a Jugend tëschent engem gewalttätegem Stéifpapp, enger däitscher Fleegefamill an enger Mamm, déi sech praktesch doudgeschafft huet, gëtt am Roman “Die Gemeinheit der Diebe” (Hanser V...

Kim Gordon - The Collective

April 02, 2024 15:40 - 6 minutes - 5.56 MB

Der 70-järeger, fréierer Sonic Youth-Frontfra Kim Gordon, hir nei Plack “The Collective” ass mëttlerweil schonns ee Mount eraus, mee villäicht méi wéi jee derwaert ze recommandéieren. Firwat? Well dat, wat am Ufank mat flashege Beats a vill Stream-of-Consciousness wéi ee kuerzleebegen Unikum geschéngt huet, och elo näischt vu senger Schäerft verluer huet. Test bestanen?

Interview mam Rodrigo Moreno

March 29, 2024 16:35 - 10 minutes - 9.24 MB

De Michel Delage schwätzt mam argentinesche Realisateur iwwer seng Krimi-Komedie "Los Delincuentes", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.

Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

March 29, 2024 16:20 - 10 minutes - 9.22 MB

Interpretéiert ginn se vun der Mezzo-Sopranistin Anna Bineta-Diouf an der Pianistin Eugenia Radoslava. D'Komponistin Albena Petrovic huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wat den Titel vum Album, Sanctuary, fir si bedeit. Si huet hir eegen Interpretatioun vun der Ermesinde hirer Biografie an erkläert, wéi een déi historesch Figur an engem modernen, feministesche Kontext nei interpretéiere kann. Zudeem verréit si, wéi eng Stécker een héiere sollt, fir sech mat hirer Musek vertraut ze ...

De Bléck op déi wonnerbar VaLibrairie

March 29, 2024 16:05 - 7 minutes - 6.52 MB

De Sonnde geet et an eiser Literatursendung ëm d’LeipzigerBuchmesse. D’Valerija Berdi an de Michel Delage haten do d’Geleeënheet mataacht Autorinnen an Auteuren ze schwätzen. Am Kultur um 5 gouf et e klengen Avant-Goût.

Ausbléck op den TalentLab 2024

March 29, 2024 07:22 - 3 minutes - 3.34 MB

Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann. Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Di...

D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

March 28, 2024 16:45 - 8 minutes - 7.74 MB

Et huet alles mat enger typescher Kooperatioun tëschent engem Komponist an engem Orchester ugefaangen. D'Militärmusek an de Jean-Claude Braun hu schonn eng Rëtsch Wierker vum éisträichesche Komponist Otto Schwarz opgeholl. Dat ass och schonn de Fall gewiescht mat verschidde Wierker vum Lëtzebuerger Komponist a Militärmuseker Georges Sadeler. Zanter dem leschte Joer koum eng Komponent dobäi. Den neie Verlag Symphonic Dimensions vum Otto Schwarz huet zwee Lëtzebuerger Komponisten, den Tim Klere...

"Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

March 28, 2024 16:35 - 6 minutes - 6.21 MB

An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am fënnefte Bäitrag beschwätzt hien "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret.

Ausbléck op den TalentLab 2024

March 28, 2024 16:05 - 11 minutes - 10.9 MB

Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann. Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Di...

"Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

March 28, 2024 07:22 - 5 minutes - 5.37 MB

An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am fënnefte Bäitrag beschwätzt hien "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret.

Make it Brass

March 27, 2024 16:20 - 7 minutes - 6.76 MB

Zu Housen ginn Ufank Abrëll Masterclasse fir Blechbléiser gebueden. Vun der Trompett iwwer de Cor an d'Trombonn, bis zum Tuba sinn all Instrumenter um Make it Brass Festival vertrueden. Den Directeur artistique Robin Rinchard huet dem Christophe Mirkes am Interview verroden, wéi néideg e Festival fir Blechblosinstrumenter ass, a wéi vill Umeldunge schonn erakoumen.

De Weekend am Theater

March 27, 2024 16:05 - 9 minutes - 8.34 MB

Dëse Weekend waren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker sech just ee Stéck ukucken - mee eent, dat mat gutt fënnef Stonnen an dräi Deeler bal méi intensiv war, wéi eng ganz Saison Lëtzebuerger Produktiounen. Mat "Extinction" bréngt de Julien Gosselin den Arthur Schnitzler, den Hugo von Hoffmansthal an den Thomas Bernhard, eng Rave Party, eng biergerlech Demeure an eng Konferenz op d'Bün vum Groussen Theater. Fir deen een ass et Miles Davis an David Foster Wallace an engem Owend, fir deen an...

Usina Festival 2024

March 26, 2024 16:35 - 21 minutes - 20.1 MB

De Festival zu Diddeleng geet a seng drëtt Editioun mat Cro, English Teacher, Say Yes Dog, Tali a ville méi. Rendez-vous ass den 1. an 2. Juni.

Shortlëscht vum Prix Servais 2024

March 26, 2024 16:20 - 10 minutes - 9.95 MB

Samuel Hamen, Chris Lauer, Isabelle Marinov, Jemp Schuster a Margret Steckel heeschen d‘Kandidaten an d’Kandidatinne fir de Servais-Präis 2024. Dës Shortlëscht, déi d‘Fondatioun Servais gëschter publizéiert huet, hate mir Iech scho presentéiert. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sebastian Thiltges geschwat, fir méi Detailer iwwer d‘Prozedur vun dësem Literaturpräis gewuer ze ginn. Enn Abrëll gi mir gewuer, wéi e Buch dëst Joer mam Servais-Präis ausgezeeche...

De Paul Celan an de Jean Portante

March 25, 2024 16:35 - 16 minutes - 14.9 MB

"Rayons de nuit“ heescht dat rezent Wierk vum Jean Portante, dat am Verlag "Le Castor Astral“ erauskoum. Hei huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller eng Rei ausgewielte Gedichter vum Paul Celan an d‘Franséischt iwwerdroen. D'Valerija Berdi hat mam Jean Portante iwwer dës Aarbecht an eiser Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat, Mir lauschteren en Extrait aus dësem Gespréich. Muer (26.3.) ginn am TNL net just d'Gedichter vum Celan gelies: ënner dem Titel "Sous la nuit, la nuit" g...

Perfekt onperfekt

March 25, 2024 16:20 - 8 minutes - 7.72 MB

Eng Plack, op där souguer d‘Loft am Opnamestudio zum Instrument gëtt - dat ass "Bright Future“, deen neie Solo-Album vun der Big-Thief-Frontfra Adrienne Lenker.

Endkampf am Schneidetisch

March 23, 2024 07:50 - 6 minutes - 6.12 MB

No dem klamaukege "Café Terminus" adaptéiert de Frank Hoffmann dem Albert Ostermaier säin donkel-zyneschen "Stahltier. Ein Exorzismus" - a retracéiert mat de Mëttele vum Theater déi geluede Renconter tëschent der Regisseurin Leni Riefenstahl an dem Reichspropagandaleiter Joseph Goebbels. De Jeff Schinker war sech d’Stéck, dat nach haut a muer (23. a 24.3.) leeft, ukucken.

Them Lights am Interview

March 22, 2024 16:05 - 24 minutes - 22.3 MB

Dräi Joer laang huet de Lëtzebuerger Museker, Produzent a Luucht-Designer Sacha Hanlet, alias Them Lights, am Kader vun enger Residenz an der Escher Kulturfabrik u sengen artistesche Projete konnte schaffen an dës weiderentwéckelen. Elo kënnt dës produktiv Zäit op en Enn, an d’Resultat kann een engersäits op enger EP lauschteren, déi haut erauskënnt, awer och e Concert ass geplangt, bei deem een entdecke kann, wéi dat Ganzt live ëmgesat gëtt.

"Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu

March 22, 2024 07:22 - 8 minutes - 7.37 MB

An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am véierte Bäitrag beschwätzt hien "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu a verréit, wisou dem Goncourt-Präisträger seng éischt Excursioun an d'Autofiktioun nëmme plazeweis geléngt.

Interview mam Julien Hübsch

March 21, 2024 16:35 - 13 minutes - 12.3 MB

Hutt Dir Iech jeemools beim Spadséiere gefillt, wéi wann Dir wéilt d’Ambulanz ruffen? De Julien Hübsch an d’Nina Bodry sinn zesumme Sheebaba. Deen een, Nowuesstalent an der zäitgenëssescher Konscht, ee Kader, an deem hie seng eegen Installatiounen an aner Wierker ausstellt - déi aner, d’Bandkolleegin vun de Choppy Bumpy Peaches, musikalesch Inspiratioun vun der éischter Stonn. No “bruit”, engem éischten EP, dee mat Filmreferenzen an New-Wave-Popkultur-Referenzen opgetrompt huet, kënnt elo “Ra...

20 Joer Out of the Crowd

March 21, 2024 16:05 - 24 minutes - 22.8 MB

Zwanzeg Joer feiert en dëst Joer, den Out of the Crowd, deen iwwer d’Joren net nëmme quasi d’Crème de la Crème aus den instrumentale Museksgenrë Math- a Postrock, mee och aus dem Krautrock, dem Postcore, Postmetal a Postpunk op d’Bün bruecht huet - alles also, wat wäit vum Mainstream, dofir awer musikalesch spannend, catchy an innovativ war. Déi bis elo ugekënnegt Headliners - Maserati, Bdrmm a Cola - verspriechen eng Gebuertsdagsoplag wéi ëmmer an der Escher Kulturfabrik, déi et a sech huet....

"Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"

March 21, 2024 07:22 - 3 minutes - 3.62 MB

An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, huet d’Dichterin Ulrike Bail hir Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwe festgehalen. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hir Approche erlaabt. D'Valerija Berdi huet et gelies.

Bach in the Subways 2024

March 20, 2024 16:45 - 8 minutes - 7.4 MB

Dësen Donneschdeg, 21.3. heescht et hei am Land nees “Bach in the Subways”. Ee ganzen Dag vu moies 8 Auer bis owes spéit ginn et am Ganze 36 Mini-Concerten an der Stad an um Kierchbierg, mat iwwer 100 Museker:innen. Am Mëttelpunkt steet d'Musek vum Johann Sebastian Bach, deen den 31. Mäerz Gebuertsdag feiert. Organiséiert gëtt dëse Mini-Festival vum INECC (Institut Européen de Chant Choral) a Kollaboratioun mam Ensembel Ad Libitum. Den Direkter vum INECC Arend Herold verréit dem Marie Schockm...

Ronn sechs fir de Siren’s Call

March 20, 2024 16:05 - 22 minutes - 20.6 MB

De Bijou vun hirer Programmatioun, nennt den Atelier-Booker Michel Welter de Siren’s Call, dee mëttlerweil a seng sechst Editioun geet an als urbane Festival aus der Musekslandschaft net méi ewech ze denken ass. Iwwer d’Joren hunn hei bedeitend Bands wéi Eels, Phoenix, The Hives oder Metronymy gespillt – dacks konnt ee souguer déi grouss Acts vu muer, wéi d’Idles, op klenger Bün entdecken. Am Studio ass de Michel Welter an de Jeff Schinker, déi sech iwwer de Line-Up an d’Oplag vun dësem Joer...

Am Gespréich mat der Barbara Albert iwwer hire Film "Die Mittagsfrau"

March 19, 2024 16:35 - 22 minutes - 20.4 MB

“Die Mittagsfrau“, en erfollegräiche Roman vun der Schwäizer Schrëftstellerin Julia Franck gouf elo a Lëtzebuerger Koproduktioun verfilmt an um Luxfilmfest an Avant-première gewisen. Erzielt gëtt hei d‘Geschicht vun enger jüddescher Fra, déi an der Bléi vun hirem Liewen haart Kompromësser ageet, fir an Nazi-Däitschland ze iwwerliewen. D‘Valerija Berdi huet mat der éisträichescher Regisseurin Barbara Albert iwwer d‘Mittagsfrau geschwat.

De Klenge Maarnecher Festival 2024

March 19, 2024 16:20 - 6 minutes - 5.56 MB

E Museksfestival am Éislek mat laanger Traditioun: De Samschdeg, den 23. Mäerz fänkt an der Kierch zu Nidderwolz d’Editioun 2024 vum Klenge Maarnecher Festival un. E kompakte Brass-Festival mat dräi Concerten a siwe weider Manifestatioune sti bis den 3. Mee um Programm. De Guy Engels huet sech mam Laurent Lemaire, ee vun de Responsabele fir d’Programmatioun, iwwer de Klenge Maarnicher Festival 2024 ënnerhalen.

D'Theaterregisseurin Sara Goerres am Gespréich

March 19, 2024 07:22 - 2 minutes - 2.17 MB

Am Moment gëtt am Kulturhaus zu Hunchereng d‘Stéck "Die Katze Eleonore“ vun der Caren Jess gespillt. An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Valerija Berdi huet mat der jonker Theaterregisseurin iwwer hir Léift fir den Theater an och iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat, déi u sech eng Fra ass, déi awer eng Kaz wëllt sinn. Si zitt sech ëmmer méi aus der Gesellschaft zeréck a probéiert an allen Domainer d'Liewe vun enger Kaz unzehuelen. En...

Piano Days 2024

March 18, 2024 16:45 - 7 minutes - 7.02 MB

Wärend véier Deeg stin de Piano an den Cembalo am Mëttelpunkt vun de Piano Days 2024 am Stater Conservatoire. De Guy Engels huet mam Jean-Philippe Koch, Responsabele vum Departement Piano, a mat der Anne Galowich, Responsabel vum Departement Al Musek, iwwer d’Manifestatioun geschwat, déi en Donneschdeg den 21. Mäerz ufänkt.

Gespréich mat der Theaterregisseurin Sara Goerres

March 18, 2024 16:05 - 13 minutes - 12.2 MB

Am Moment gëtt am Kaleidoskop-Theater zu Hunchereng d‘Stéck “Die Katze Eleonore“ vun der Caren Jess gespillt. An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Valerija Berdi huet mat der jonker Theaterregisseurin iwwer hir Léift fir den Theater an och iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat, déi u sech eng Fra ass, déi awer eng Kaz wëllt sinn. Si zitt sech ëmmer méi aus der Gesellschaft zeréck a probéiert an allen Domainer d'Liewe vun enger Kaz unzehu...

Kaffi oder Téi?

March 16, 2024 07:50 - 10 minutes - 9.42 MB

Bei wat sëtzt Dir grad elo? Beim Kaffi oder beim Téi? Egal, wat Iech dobausse besser schmaacht, de Jean Portante huet net Kaffi an Téi gepléckt, mee d‘Wierder zerpléckt. Den Ursprong vum Kaffi ass beim Jean Portante Programm an domat och säi Wuert vun der Woch. Am Gespréich mam Philippe Hansen, deen iwweregens eng Virléift fir Kaffi huet.

Een Nobelpräisträger am TOL an dat neit Richtung-22-Stéck am Kasemattentehater

March 15, 2024 16:05 - 22 minutes - 20.5 MB

Vun der Monogamie op de (Medie-)Monopol: Direkt zwee Stécker huelen den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker dës Woch ënner d'Lupp. Wou et beim Harold Pinter sengem "Trahisons", hei an enger Inzenéierung vun der Véronique Fauconnet, ëm d'Hypokrisie vun der Monogamie geet, gi bei "Ween stoppt RTL" de Medien-Monopol vun RTL an aner Machenschaften opgedeckt. D'Valerija Berdi gëtt am Interview-Extrait mat der jonker Regisseurin Sara Goerres iwwer hir Inzenéierung vun "Die Katze Eleonore" dann en Au...

Een Nobelpräisträger am TOL an dat neit Richtung-22-Stéck am Kasemattentheater

March 15, 2024 16:05 - 22 minutes - 20.5 MB

Vun der Monogamie op de (Medie-)Monopol: Direkt zwee Stécker huelen den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker dës Woch ënner d'Lupp. Wou et beim Harold Pinter sengem "Trahisons", hei an enger Inzenéierung vun der Véronique Fauconnet, ëm d'Hypokrisie vun der Monogamie geet, gi bei "Ween stoppt RTL" de Medien-Monopol vun RTL an aner Machenschaften opgedeckt. D'Valerija Berdi gëtt am Interview-Extrait mat der jonker Regisseurin Sara Goerres iwwer hir Inzenéierung vun "Die Katze Eleonore" dann en Au...

Ass dem Banksy säin Anonymat a Gefor?

March 14, 2024 16:45 - 5 minutes - 4.94 MB

Wann eng aktuell Uklo géint seng Firma op d’Geriicht geet, misst de Kënschtler Banksy perséinlech Informatioune vu sech präisginn. Den Nicolas Calmes faasst d'Problematik kuerz zesummen.

Katalin Gödrös am Gespréich

March 14, 2024 16:35 - 14 minutes - 12.9 MB

Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui. Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun...

Geschichten, Biller a Musek

March 14, 2024 16:20 - 6 minutes - 6.04 MB

Den Duo Mader/Panandreopoulos spillt nei Musek vu véier verschidde Komponisten, déi fir dës multidisziplinär Concerte geschriwwe gouf. Parallel dozou entwéckele sech beweegte Biller am Concertssall. De Christophe Mirkes huet beim Saxofonist Andreas Mader nogefrot, wat nieft der Musek vu Visuellem op de Public duerkënnt.

De VR-Pavillon am Neimënster

March 14, 2024 16:05 - 6 minutes - 5.49 MB

Aktuell sinn am Neimënster zéng verschidde VR-Experienzen ze gesinn. Queesch duerch de Gaart, d’Genren an d’Gäng vum Neimënster zitt sech d’Expositioun. Eng Experte-Jury bewäert a belount déi bescht Experienzen. Als einfache Visiteur ass d’Experienz Belounung u sech.

Cities Connection Project am LUCA

March 14, 2024 07:22 - 4 minutes - 4.02 MB

Och wa Gebaier an aner architektonesch Projeten net reese kënnen, ass et méiglech se mat enger Ausstellung beieneen ze bréngen. Genee dat mécht nämlech de Cities Connection Project, deen domat och nach eng Rei Europäesch Stied matenee verbënnt. Den Ament ass esou eng Ausstellung am Luxembourg Center for Architecture (LUCA), a mir hu fir Iech ee Bléck op de Projet geworf.

“En Dram, deen an Erfëllung gaangen ass”

March 13, 2024 16:45 - 11 minutes - 10.3 MB

De Max Asselborn huet ëmmer dovunner gedreemt, an engem internationale groussen Orchester matzespillen. 2020 ass dëse Wonsch fir deen 32-Joer jonke Lëtzebuerger Trompettist an Erfëllung gaangen. Hien ass Member vum Schweedesche Radiosinfonie-Orchester, an eenzege Lëtzebuerger do. Aktuell ass hie mam Orchester op enger grousser Tournée, an de Mëttwoch, 13. Mäerz ass de Stopp an der Philharmonie hei zu Lëtzebuerg. Wéi säi Liewen zu Stockholm ausgesäit, a wat hie mécht fir sech wärend laange Con...

IDLES an der Rockhal

March 13, 2024 16:20 - 13 minutes - 12.8 MB

Gëschter hu mir d'Plack beschwat, haut geet et ëm de gutt besichte Concert an der Rockhal, déi d'Idles mat engem laange Set zum Danze bruecht huet. Plakativ politesch Intermezzi hu si entretemps bei anere Punkbands ofgekuckt. Den Yves Stephany an de Jeff Schinker mat hiren Andréck zum Concert.

Interview Ikan Hyu

March 13, 2024 16:05 - 10 minutes - 9.77 MB

Musek aus der Schwäiz gëtt et muer den Owend (14.3.) am Gudde Wëllen. Den Zürecher Duo Ikan Hyu ass agelueden, hiren Oktopus-aarteg gespillten, multiinstrumentale Punk-Pop zu Lëtzebuerg ze deelen, mat engem Public, deen op esou Decouverten nëmme waart. D‘Band war mat Royal Blood ënnerwee a mécht grad hir éischt Headliner-Tournée. De Marc Clement huet si op hirem Wee op Berlin ënnerbrach, fir kuerz mat der Anisa an Hannah vun Ikan Hyu ze schwätzen.

Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star ...

March 12, 2024 16:45 - 6 minutes - 6.27 MB

D'Uergel ass en Instrument mat ville Facetten. Dat beweist de Programm vum Festival international d'orgue de Dudelange. Nieft dem traditionellem Concert mat keltescher Musek (den Optakt zum Zeltik Festival), gëtt et och eng Première: en 28-järegen TikTok-Star steet dës Kéier um Programm. Ëm wien et sech heibäi handelt a weider Detailer zu der Saison hunn de President Jean Olinger an den Tresorier Paul Braquet dem Christophe Mirkes am Interview verroden.

Editors am Atelier

March 12, 2024 16:35 - 7 minutes - 6.78 MB

No der neier Plack vun den Idles bleiwe mir beim Indie-Rock, wann och mat enger Band, déi méi konventionell Téin uschléit. De Samschdeg (9.3.) huet déi brittesch Indiepop-Band Editors an engem Atelier, dee ganz séier ausverkaaft war, gespillt. De Jeff Schinker war op der Plaz – an huet seng Andréck matbruecht.