Dem Euripides seng Tragedie "Medea" erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi hir Kanner ëmbréngt. Den Theaterklassiker, an der Iwwersetzung an Adaptatioun vum Regisseur Rafael David Kohn, wielt eng äerdeg Approche, ass sec a pointéiert. Hei kollidéiert d'Wiermt mat der Keelt vun der Vengeance, vum Verdriwweginn. "Medea" gëtt och ze spieren, wéi Léift a pueren Haass kann iwwergoen. De Romain Butti war d'Stéck kucken.