Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui.
Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun enger Karriär, mee als Mod huet een do net vill mat ze decidéieren. Nieft der Luna Wedler an dem Valentin Postlmayer an den Haaptrollen, sinn och d‘Eugénie Anselin, d‘Marie Jung an de Luc Feit am Film ze gesinn.