"Instant comedy": esou ass dem Kënschtler Filip Markiewicz seng Eeenzelausstellung an der neier Escher Konschthal iwwerschriwwen. De Gros vun de Peinturen, Videoen, Skulpturen si während dem Lockdown entstanen a versti sech als visuellen Essai, als Reaktioun op dat Digitaalt, dat ëmmer méi séier gedréint huet a beim Filip Markiewicz fir eng Redécouverte vun der Physikalitéit gesuergt huet, vun de gudden alen Uelegfaarwen zum Beispill, mee och vun der Gittar. Mam Kerstin Thalau huet de Filip Markiewicz doriwwer geschwat, datt fir hien "iwwerall Musek dran ass".