Spaass a Spill solle vu Juli un an de Rotonden am Garer Quartier am Mëttelpunkt stoen. Kuerz virum Summerufank huet d'Rotonden-Ekipp hire Programm fir d'Saison 2022/2023 virgestallt. Vun de Congés Annulés iwwer eng Rei Theatervirstellunge fir e jonke Public: do schéngt fir jiddwereen net just eppes, mee genuch dobäi ze sinn. De Ben Kobs huet sech bei enger Ronn "Vier Gewinnt" mam Direkter Steph Meyers ënnerhalen.