Previous Episode: Editioun vun 8:16
Next Episode: Editioun vun 8.16

Wéi Lëtzebuerg d’NATO matgegrënnt huet: dorun erënnert haut d’Luxemburger Wort. Als klengste Grënnungsmember hätt de Grand-Duché vun Ufank un Zouverlässegkeet a Loyalitéit bewisen.
Och am Tageblatt heescht et, datt d’NATO haut de 75. Joresdag vun der Ënnerschrëft vum Nordatlantik-Vertrag feiert.
“Méi Respekt w.e.g.”, mat dësem Zitat ass den Tageblatt-Editorial vum Jenny Zeyen iwwerschriwwen. Theema ass d’Aggressioune géint Jugend- Schidsriichteren.
Iwwer d’Aarmut zu Lëtzebuerg an iwwer déi sozial Schiflag schreift den Eric Hamus am Editorial an der Revue.