Escher urban Legenden, al Geschichten an Erzielunge stinn am Fokus vum Projet "Stammdësch", deen op d'Initiativ vum transnationale Kënschtlerkollektiv "Le gueuloir" entstanen ass. Dräi Theaterauteuren, d'Lénaïc Brulé, aus der Belsch, de Fabio Godinho aus Lëtzebuerg an de Franck Lemaire aus Frankräich hunn e Stammdësch am Café Le pirate zu Esch-Lalleng organiséiert a sammelen do Geschichte vun den Escher, fir se duerno an Theatertexter ëmzesetzen.

D'Valerija Berdi an de Romain Butti waren op d'Plaz an hunn d'Stëmmung an d'Aussoen agefaangen an an engem Collage zesummegestallt.