Escher urban Legenden, al Geschichten an Erzielunge stinn am Fokus vum Projet "Stammdësch", deen op d'Initiativ vum transnationale Kënschtlerkollektiv "Le gueuloir" entstanen ass. Dräi Theaterauteuren, d'Lénaïc Brulé, aus der Belsch, de Fabio Godinho aus Lëtzebuerg an de Franck Lemaire  aus Frankräich hunn e Stamndësch am Café "Le pirate" ze Esch-Lalléng organiséiert a sammelen do Geschichte vun den Escher fir se dono an Theatertexter ëmzesetzen. D'Valerija Berdi an de Romain Butti waren op d'Plaz a hunn d'Stëmmung an d'Aussoen agefaangen an an engem Collage zesummegestallt.